Erfahrungen

  •  Aktivitéiten mat autistischen Kanner a Ponien:

Schon während ménger Ausbildung als Educatrice hun ech éischt Erfahrungen am Bereich "déieregestützten Aktivitéiten, Förderung an Pädagogik" gemaach, wou mir während Vakanzenaktivitéiten mat autistischen Kanner ee Pony zur Verfügung gestallt kruuten fir d´Kanner kennen dropzesètzen a ronderem ze féieren. Ouni vill Virkenntnisser ass eis schon deemools opgefall, dass d´Kanner sech noom "reiden" besser konnten op Hausaufgaben konzentréieren.

Doraus hun sech regelméisseg Aktivitéiten mat èngem vun de Kanner an eisem Pony "Heika" entwéckelt.

 

  • Kontakt vun de Leit mat deenen ech schaffen mat méngen Déieren:

Méi oder manner reegelméisseg hun ech méng Henn mat schaffen geholl (Präsenz am Grupp) oder hun mat de Leit Ausflich bei méng Déieren gemaach:

Dest wären emmer ganz beléiften Aktivitéiten, déi vir sou munchen "Aha" an och nach dono vir vill Gespréich gesuergt hun. 

 

 

  • "Déierenatelier":

Den "Déierenatelier" wär èng regelméisseg Aktivitéit fir chronesch psychisch krank Erwuessener mat den hauseegenen Kaningercher an dem "Jimmy".

Während baal zwee Joer ass ee Grupp Leit all Woch dohinnerkomm, vir d´Kaningercher ze heemelen an ze fidderen, mam Jim ze spillen, ze laachen, ze schwätzen an den Alldag dobaussen ze lossen. 

 

 

 

  • Projet: "Agilitytraining mit chronisch psychisch kranken Menschen":

Als Projet vir d´Formatioun "Tiere öffnen Welten" hun ech mat drei psychisch kranken Erwuessenen an drei erfuerenen Agilityhenn "Agility" gemaach. Neewent villen neien Erfahrungen a Spaaß hun d´Leit et fäerdeg bruecht an nemmen èngem Mount mat "hierem" Mupp ee klèngen Agilityparcours ze laafen!  

 

 

  • "Déieregestützten Pädagogik" an der Primärschoul:

Themen:  "Waat brauchen Déieren nach ausser Fudder an Waasser?"                 "Richtegt Verhaalen vun Kanner vis-à-vis vun Henn".

 

  • Vakanzaktivitéiten mat Kanner an hierem Mupp:

Während 4 Deeg koumen 7 Kanner am Alter vun 7 bis 14 Joer fir spannend Aktivitéiten mat hierem Mupp ze ennerhuelen. Um Programm stungen: Dee richtegen Emgang mam Hond an Theorie an Praxis, Spur, Agility an Dogdancing. Op èngem oofschléissenden Rallye konnten d´Kanner dun hiert Wessen enner Beweis stèllen...

 

  •  Déierengestützten Aktivitéiten an verschiddenen Altersheimer

 

  •