Dir hutt èng Vakanz geplangt a wesst keen, deen an
däer Zäit no äeren Päerd kuckt?
Dir sidd krank oder musst souguer èng Zäit an
d´Klinik an kènnt keen, deen d´Kaaz,
d´Kaningchen oder den Hamster versuergt?
Dir sicht een, deen mat äerem
Hond spazéieren geet während dir schaffen
sidd?
Dir hutt kèng Méiglechkeet mat äerem
Déier bei den Vétérinaire oder bei den
Muppencoiffeur ze fueren oder beim Houfschmatt dobäi ze
sin?
Des oder ähnlech Situatiounen kènnt dir als
Déierebesetzer bestemmt, an dir sidd nemmen roueg, wann
dir äert Déier a gudden Hänn wesst.
Ech kemmeren mech em äert Déier, sou wéi et
et gewinnt ass, bei eech doheem...
...individuell, flexibel, kompetent an zouverlässeg!
P.s. Am Moment kann ech leider
kèng "Hondspensioun" ubidden, d.h. ech versuergen
kèng Muppen méi bei mir doheem. (Just
"Dogwalking".)
|
|
|
|