Déiere sin gutt fir déi physisch a
psychisch Gesondheet vum Mensch. Daat ass mettlerweil
wessenschaftlech beluecht.
Déiere brénge Menschen un d´Laachen,
provozéiere Bewegung a Gespréich, bidde
Kiirperkontakt, wierke berouigend, stärken
d´Selbstvertrauen, gi Secherheet, ...
Déiere kennen dofir zesumme mat hierem Meeschter
ee wertvolle Bäitrag leeschten an der Aarbecht mat jonken,
erwuessenen, alen, kranken oder behennerten Leit.
Als diploméiert Educatrice (mat Berufserfahrung an der
Gerontologie, Autismus a Psychiatrie) mat ènger
Zousaazausbildung fir e fachgerechten Asaaz vun Déieren an
als Déierepsychologin léen ech beim Asaaz vun den
Déiere grousse Wert op èng gutt Prägung an
Ausbildung vum Déier, op d´Hygiène an op den
Déiereschutz.
Ech
komme gäer mat méngen Déieren (Hond,
Kaningercher) bei Iech heem oder an äer Institutioun oder
empfänken Iech bei mir doheem bei de Geessen, den Hinger an
Inten oder de Päerd.
D´Konzept an d´Zieler vun eiser Zesummenaarbecht gi
mat Iech/der Institutioun oofgestemmt.
|
|
|
|