Déierepsychologie

Emmer méi Hausdéiere weisen Verhalen, wat fir hiere Besetzer inakzeptabel ass, waat hee stéiert, oder waat souguer geféierlech ka sin:

  • Net propper sin am Haus

  • Géigestänn zerstéieren

  • Net alèng bleiwen kennen

  • Aggressivitéit

  • Nervositéit

  • Onkontrolléierbarkeet

  • Angscht / Phobien

  • ...

Sou Problémer kennen daat friddlecht Zesummenleewen vu Mensch an Déier empfindlech stéieren...

  

Daat soll a muss awer net sou sin!

A ménger Ausbildung als Déierepsychologin mat Spezialiséierung Hond, Päerd a Kaaz gouf mir ee breetgefächert Wesse vermettelt an der allgemènger a spézieller Ethologie, Lerntheorien, Verhaalensstéierungen an Therapieméiglechkeeten.

Dese ganzheetlechem Usaaz gesäit den Hond, d´Kaaz an d´Päerd als een eescht ze huelenden Member vun der Famill an als geschätzte Partner, deen awer emmer nach d´Ierwe vum Wollef, vun der nordafrikanischer Falbkatze a vum echte Weldpäerd a sech dréit.

All Déier huet èng eege Perséinlechkeet a bild mat séngem Meeschter een eenzegaartegt Team. Zesummen erschaffen mir dofir individuell, op dest Team oofgestemmte Léisungswéer...

Een Déiereliewen ass ze kuerz, fir et mat Problémer ze verbréngen...

Sidd usprochsvoll, wèll schließlech besetzt dir net iergendeen Déier, mee daat Déier, waat eech um Häerz läit!