Mäin Numm ass Anne Barthels.
Säit ech denke kann, hu bei eis Déieren zum
Alldag gehéiert: bei eis doheem oder bei menge
Grousselteren am Stall. Ganz selbstverständlich hunn ech
geléiert mat hinnen emzegoen an si ze versuergen.
1996 hunn ech meng Schoul mat Diplom als Éducatrice
ofgeschloss an hunn dunn an de Beräicher Gerontologie,
Autismus an Psychiatrie konnten schaffen an Erfahrungen
sammelen.
Fun 2003 bis 2005 hunn ech doniewent Déierenpsychologie un
der "Akademie für Tiernaturheilkunde" an der
Schwäiz studéiert, well ech nach méi iwwert
déi Déieren, mat deenen ech mech all Dag
beschäftegen, wollt wessen.
Well d´Déiere sou een héije
Stellewäert a mengem private Liewen anhuelen, si si
natierlech och emmer mol rem a meng professionnel Aarbecht mat
agefloss. Oft hunn ech meng Henn däerfe mathuelen oder ech
hunn d´Leit mat bei d´Déieren (Päerd,
Geessen, Kaningercher) geholl. Déi Aktivitéiten
waren emmer héich wellkomm an ech hu gemierkt, dass den
Emgang mat den Déieren de Leit immens gutt gedoen huet.
Dofir hunn ech 2006 nach eng weider Formatioun gemaach:
"Tiere öffnen
Welten - Qualifizierung zum fachgerechten Einsatz von Hunden,
Katzen und Kaninchen in der Altenhilfe", déi
ugebuede gett vum Diözesan-Caritasverband für das
Erzbistum Köln e.V. an Zesummenaarbecht mam Kuratorium
Deutsche Altershilfe.
Seit Juni 2007 hun ech Beruff an Hobby kombinéiert a
schaffen selbstänneg an de Beräicher "Animalsitting",
"Déierenpsychologie" an "Déierengestützten
Aktivitéiten, Förderung an Pädagogik".
Mat all deem Wessen an Erfahrung, wat sech sou am Laf fun de
Joren ugesammelt huet, well ech Menschen an Déieren
an hirer Bezéiung zueneen eng Hand upaken, fir dass et
fir déi zwou Säiten zu engem positiven Erliefnes
gett.
Anne